Fir eis Coursë setze mir nëmmen experimentéiert a passionéiert Formateuren an. Si si flexibel a kënne sech bei Iech heem oder an Är Büroen deplacéieren, awer och en héichwäertege virtuellen Unterrecht ubidden.
Séier Fortschrëtter maache mat eise Gruppecoursen! Si bestinn aus maximal 3 bis 5 Persounen a sinn de perfekte Kader fir séier weiderzekommen an Är Ziler ze erreechen.
Bei Eenzelcoursë profitéiert Dir vun engem personaliséierten Apprentissage, deen op Är spezifesch Besoinen zougeschnidden ass. Dir kënnt d'Datumer an d'Horäirë ganz no Ärer zäitlecher Disponibilitéit festleeën.
Dir hutt net oft d'Geleeënheet, Iech op Franséisch auszedrécken a fillt Iech dowéinst onsécher? Da sinn eis Konversatiounscoursë gutt fir Iech gëeegent. A Gruppe vu maximal 2 Persoune kënnt Dir déi verschidden Alldagssituatiounen üben an dobäi Äre Vocabulaire festegen oder perfektionéieren.
Dës Coursen ginn un Är berufflech oder perséinlech Besoinen ugepasst. Dank engem personaliséierte Programm sinn direkt Fortschrëtter garantéiert. Den Inhalt ka vun der Verbesserung an der Grammatik, dem Vocabulaire an der Rechtschreiwung bis zur schoulescher Ënnerstëtzung goen.